『Loscht op Mord』のカバーアート

Loscht op Mord

Loscht op Mord

著者: Charel Krier Julie Gerard
無料で聴く

このコンテンツについて

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio ノンフィクション犯罪
エピソード
  • Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier
    2025/06/01
    Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.
    続きを読む 一部表示
    37 分
  • Den Happy-Face-Killer
    2025/05/18
    An dëser Episod vu Loscht op Mord geet et ëm de Keith Hunter Jesperson, ee Camionschauffeur, deen duerch seng Ënnerschrëft op Bréiwer den Numm Happy-Face-Killer krut. Tëschent 1990 an 1995 huet hien an de ganzen USA verdeelt eng Serie vu brutale Morden u Frae begaangen. Trotz senge bizarre Bréiwer un d'Medien - ënnerschriwwe mat engem Smiley - war et de Mord u senger Ex-Frëndin, dee schliisslech zu der Iwwerféierung gefouert huet. Mir kucken eis seng Kandheet un an analyséieren d'Mordserie, sou wéi déi psychologesch Dynamik hannert sengem Handele.
    続きを読む 一部表示
    44 分
  • Episod 102 - De Fall Pelicot
    2025/05/04
    Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall net ze schumme brauch. De Feeler läit beim Täter a net beim Affer. Dëse Prozess gëtt zu engem risege Prozess mat iwwer 50 Persounen, déi mat Plainte musse rechnen. Dorënner och den Dominique Pelicot, deen seng Fra reegelméisseg ënner Droge gesat huet an si den Täter ugebueden huet. Alles zum Fall an der neier Episod Loscht op Mord.
    続きを読む 一部表示
    59 分

Loscht op Mordに寄せられたリスナーの声

カスタマーレビュー:以下のタブを選択することで、他のサイトのレビューをご覧になれます。